Den 1. Stockemer «Meeting «,demols esou genannt , wor um 13. August 2006 zu Wolsfeld hei vir an Deutschland. Dato wor et mat eisen Franséischen an Deutschen Frenn vun eisem leider versturwenen Theo Stockemer organiséiert gin. De Stammbaam wor dunn nogewise gin vun 1700 bis 2006.
Natirlech ewéi daat am Laaf vun der Zäit esou ass, sin elo schon eng Partie vun
Hinnen net méi derbäi also leider versturwen.
An elo am Joer 2025 hun d’Thilgens Aline mam Steichens Raymond op Nofro dunn jo och direkt d’Organisatioun fir den Stockemertreff ze organiséieren ,
an Ugreff gehol.
Natirlech en Stockemertreff ouni Familgechronik an Stammbaam geet jo schon
guer net. Do koum de Raymond erem an d’Spill ,fir aus eiser Ahnenfurschung déi den Steichens Vic an de Raymond virun jet Joren zesummen gedroen haaten vum Edward Steichen aus iwert all eis Familgen an Bekannter wou mir och d’Stockemer mat dran haaten. D’Resultat hu mir op Papeier bruecht esou dass dir elo en Stammbaam vun den Nokommen vum Martin Stockemer an anerseits och vum Nicolas Stockemer esou ewéi je eng Kronik derzou iwerreecht kritt hut.Daat wor am groussen Ganzen en klenge Résummé
betreff d’Stammbäm an d’Kroniken vun de Familgen Stockemer.
No der Iwerreechung vun engem Bouquet un d’Aline an engem groussen Merci un Allen déi sech dru bedeelegt hun ,ass de Treff mam Austausch un vill Erennerungen ausgeklongen.
Steichen R.