60 Joer Ingénieur-Technicien

Viru 60 Joer hunn 31 Studente vum deemolegen Technikum (Ecole spéciale d'Ingénieurs-Techniciens) hiren Diplom als Ingenieur-Technicien iwwerreecht kritt. Sie hunn sech bis elo 58 mol zu engem Klassentreffen gesinn, wat nëmmen 2 mol duerch Corona ausgefall ass. Dëst Joer waren nach 12 Kolleegen zur Joresfeier ugetratt (5 waren der entschëllegt). Eng speziell Menüskaart mat Fotoen aus der Studienzäit huet dësen Dag ënnerstrach. No engem exzellente Mëttegiessen, am Restaurant „An der Tourelle“ zu Stadbriedemes, an interessante Gespréicher, hu Sie versprach sech  2024 nees erëm ze gesinn.