Wenn der Amtsschimmel wiehert

“Wenn der Amtsschimmel wiehert”

Wann an enger Verwaltung dee berüümte Schëmmel hénkelt, da geet gewéinlech e gutt Stéck gesonde Mënscheverstand d’Baach of!

Där Meenung si jiddefalls besonnesch déi eeler a kierperlech behënnert Awunner aus deenen 22 Wunnechten an der Residence “Clos de la Moselle” op der Hëttermillen!

Ir d’Strooss viru Kuerzem nei gemaach gouf, an e wonnerbare Vëlos- a Spadséierwee derbäi koum, konnten d’Leit op där eppes iwwer 1m breeder, béid-säiteger Spuer, déi dee fréiere Minister Marcel Schlechter uleeë gelooss hat, op de Bushalt oder op eng Bänk bei d’Musel goen, ouni dem Verkéier an de Féiss ze sinn.

Ewell ass do eng aner Situatioun agetratt! Déi Spuer ass net méi do, a fir op de Bus oder bei d’Musel muss een iwwert e knubbelegen, jee nom Wieder, dreckege Pad goen, dee wéinst deem aktuelle Chantier am Neie Wee och nach deelweis gespaart ass, an een dofir och nach e Stéck iwwer d’Haaptstrooss Nr.10 (Wäistrooss) goe muss (70 Km/h a Radar). Fir déi behënnert Persounen aus der Residence, déi op de Rollator oder Rollstull ugewise sinn, an eng jong Koppel mat engem Baby am Buggy, ass dee Pad souwisou onméiglech!

Firwat geet et dann net iwwer deen neie Vëlos- an Trëppelwee? Ma ganz einfach, well do “aus Sécherheetsgrënn” eng Glissière (Leitplank) derlaanscht ass, an dee sougenannten “Amtsschimmel” vun de Pts&CH Réimech erlaabt et net, do e schmuelen Aschnëtt ze maachen, soulaang kee “Passage pour Piétons” do wär, an dofir wär d’Gemeng zoustänneg.

Op ons Fro: firwat et da méiglech war, vum Ausgang vu Stadbriedemes bis zur Entrée vu Réimech, op enger kuerzer Streck, wou 90 Km/h erlaabt sinn, quasi op all 150 m en Aschnëtt an d’holze Leitplank ze maachen, krute mer bis haut nach keng Äntwert. - Anscheinend goufen do, obschonn keng eenzeg Foussgängersträif do ass, an och keen Haus déi aner Säit steet, 8 Ëffnunge gemaach, fir datt d’Fëscher bequem, mat hirem Geschier, vun där anerer Stroossesäit, wou se hiren Auto geparkt hunn, iwwer d’Vëlospist kënne bei d’Musel erof gon. Dat schéint dann net esou geféierlech ze sinn, an et muss een sech d’Fro stellen, ob mer dann awer vläicht, jee no Lobby, zweeërlee Moos a Gewiicht an eisem Ländchen hunn?

Am Numm vun deenen eeleren Awunner

Jemp Rollinger-Schons

“Clos de la Moselle”

Hëttermillen (Greiweldeng)