D'Kanner aus der MR Steebrécken fir de Wonschstär

Wéi all Joer hu sech d'Kanner an d'Personal aus der Maison Relais vu Steebrécken am Kader vun hirem Fréijoersfest engagéiert, Suen fir de gudden Zweck ze sammelen. Duerch de Verkaf vu selwergemaachte Konschtwierker am Pop Art-Stil, enger wonnerbarer Tombola an engem gemittleche Fest an der Maison Relais sinn esou 1'100€ zesummekomm, déi integral un d'Associatioun Wonschstär asbl ginn. Mir soen all deene Leit Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn!