D’Wiesseljore sinn eng onvermeidbar Etapp am Liewen vun all Fra. Déi bekannte Symptomer – ewéi Hëtzewallungen, nächtlech Schweessausbréch, Middegkeet, Reizbarkeet, Schlofproblemer, Gediechtnesproblemer oder och Péng an de Gelenker – sinn oft een Tabu oder ginn net richteg verstanen.
Hautdesdaags verbréngt eng Fra ronn 1/3, wann net esouguer d’Hallschent, vun hirem Liewen an de Wiesseljoren. Et ass zwar keng Krankheet, mee se kann, heiansdo e bedeitenden Afloss op d’Privats- an d’Beruffsliewen hunn.
Fir sech besser op dës Phase virzebereeden a se méi locker ze duerch lafen, musse mir fir d’éischt verstoen, wou dës Symptomer hierkommen, a wat eis hëllefe ka fir déi richteg Decisiounen ze treffe fir eis Gesondheet vun haut a fir an der Zukunft.
D’Konferenz fënnt op franséisch statt mat enger simultaner Iwwersetzung op lëtzebuergesch.
Umeldung erwënscht : https://activites.steinfort.lu/fr/activites?detail=668