« Gett haut manner gelies ewéi fréier ? »
Konferenz zu Stengefort an der Maison Relais zum Thema Freed um Liesen.
Am Kader vun der Bicherwoch zu Stengefort hu sech den Guy an d´Lise Linster bereet erklärt, eng Konferenz iwwer „Freed um Liesen“ ze halen.
Sinn d’Bicher passé? Et gëtt net méi gelies, eis Kanner liesen nemmei gutt : eng klassesch Klo säit 20 Joer.
1996 gouf d’ „Initiative Freed um Liesen“ gegrënnt, eng Lobby fir Liesen an Bicher.
Theoreteschen Deel
Dräi wichteg Grënn, firwat een gutt liesen an liesen kennen muss, stinn am Virdergrond vum Credo vun dëser Initiative : fir an der Wëssensgesellschaft, der kultureller Gesellschaft an an der lieweger Demokratie bestoen ze kennen.
Liesen soll un éischter Stell Freed man, informéieren, bilden, firwelzeg man an déi eegen Fantasie ureegen.
Eng wichteg Fro déi sech stellt: „Gett haut manner gelies ewéi fréier?“. Den Guy Linster ass der Iwwerzeegung, dass fréier och net méi gelies ginn ass ewéi lo, well wann een kuckt wivill Milliounen Bicher um Maart sinn, stellt een fest, dass nach ni souvill Bicher konsuméiert ginn sinn ewéi haut. Och déi lescht Analysen bestätegen dass haut méi gelies gëtt ewéi fréier.
Et soll och net dramatiséiert ginn wann Kanner mol net liesen, well dem Guy Rewenig no hunn souwisou „immer nur eine bestimme Anzahl Menschen gelesen“.
Et gett also gelies!
En weider Fro déi een sech kann stellen ass „Kënnen eis Kanner dann gutt liesen?“.
Dozou huet den Jacques Steffen sech geäussert: „Kanner liesen gär, soubal se en bëssen schreiwen an liesen kennen mä si mussen doheem an an der Schoul gehollef kréien.“
Et gin laut der Etude CEPS dräi Feststellungen fir d´Liesverhaalen vun Jugendlecher vun 14-15 Joer.
Eis Kanner déi zu Lëtzebuerg an Schoul ginn, liesen nach manner ewéi d’Kanner an Frankräich, Däitschland asw.
D’Kanner liesen net sou gutt : d´Lieskompetenz vun eisen Schüler riskéiert d’Baach erof ze goen. D’Liesen gëtt gebraucht fir d’Wëssensgesellschaft, fir d’kulturell Gesellschaft an fir Demokratie.
D’Kanner kommen ëmmer méi fréi an Pubertéit. Si probéieren krampfhaft sech lasszeloossen vun den Elteren, et kann een vun enger sougenanntener Crise d’Identité schwätzen. Dat jugendlecht Kand probéiert keen Kand méi ze sinn, stellt sech géint alles wat Elteren gären wëllen. Dëst bréngt mat sech, dass Schoul mat Liesen verbonnen gëtt an Liesen mat Schoul. Et ass en Däiwelskrees aus deem een net sou einfach rauskennt!
Den Guy Linster huet en puer Tipps mat ginn zum Thema „Liesförderung“, well besonnesch déi Jugendlech net gär liesen an och net genuch an well fir vill Kanner Liesen nach keng Selbstverständlechkeet ass.
Et gëtt leider keen Knäppchen deen een kann drécken, fir dass Kanner gär an gutt liesen.
Well wann mir dat gär hätten brauchen mir ganz vill perséinlechen Asaatz. Mir kennen Kanner vun Ufank un un Bicher gewinnen well si sinn un Erwuessener, Eltren an Enseignanten ugewisen.
Prakteschen Deel
Och d´Lise Linster huet sech zu där Saach geäussert an en puer praktesch Virschléi gemaach.
Fir si gehéiert Buch an Kannerzëmmer wei en Petzi. E Buch soll näischt Extraes sinn, mä et soll do sinn an all Dag benotzt ginn. En Buch hëlleft den Kanner Welt ze entdecken. En grousst Virbild ass Stëftung Liesen vun Mainz mat hirer Ausso : „so wie dass Kind vor dem Fahrrad fahren das Gehen lernt, soll es vor dem Fernsehen das Buch entdecken.“
Televisioun an Bicher soll een net géinteneen ausspillen, mä d´Televisioun soll een éischter als Partner gesinn!
An engem Buch huet een Méiglechkeet zeréckzebliederen, Biller méi genee ze kucken, Vergläicher ze man an Eenzelheeten ze entdecken. Bicher hëllefen den Kanner sech an der Welt zurechtzefannen an dat wat dobaussen geschitt ze verstoen. Matt Hëllef vum Billerbuch vergréissert d’Kand säin eegenen Wuertschatz, leiert sech auszedrécken an sech ze konzentréieren bis zum Schluss.
Gewalt an der Schoul ass en Punkt deen ugesprach ginn ass. Fazit ass, dass Kanner net méi mat Wierder streiden kennen an dowéinst éischter dropschloen.
Bicher hunn de Virdeel, dass een mam Erzielen, an net einfach mam Virliesen, den Kanner hier voll Opmierksamkeet ereescht, andeems een ëmmer erëm Froen zum Buch stellt.
Beim Virliesen kann een och op Altersproblemer vun den Kanner agoen an verschidden Themen kennen behandelt gin.
Ideal Bicher fir kleng Kanner bei deenen se aktiv kennen participéiren, sinn z.B. „Kleine Raupe Nimmersatt“, „Mondbär“, „Zeralda und der Riese“, „Die dumme Augustine“ an awer och verschidden Märecher.
De Guy Linster huet dann och zum Schluss nach eng Kéier betount, dass dat alles vill besser ukënnt wann een als Eltren oder Enseignanten liest an en Virbild fir Kanner ass.
(geschriwwe vum Nadine Moes a Carole Bropsom)