Konschtausstellung "IMPF-STOFF" zu Stengefort am Park

Ënnert dem Titel « Impf-Stoff » huet Aktikulti a.s.b.l ënnert dem Patronage vun der Gemeng Stengefort, an zesumme mat de Bierger eng flott Ausstellung ënner fräiem Himmel an d’Liewe geruff.


E Liichtbléck an engem Schweiere Moment schafen

D’Zil vun dëser Ausstellung déi zanter dem 19. Juni 2021 gratis am Park hannert dem Gemengenhaus ka besicht ginn ass et e klenge Liichtbléck an dëser dach éischter däischterer Zäit vun der Pandemie ze offréieren. D’Initiativ fir dëse Summer e flotte Projet ze organiséieren ass vum Marianne Dublin-Felten, Presidentin vun

der Chancëgläichheetskommissioun an dem Annemie Elsen, Presidentin vun der Aktikulti a.s.b.l ausgaangen. Si hunn zesummen mat der ganzer Equipe vun Aktikulti a.s.b.l e Konzept ausgeschafft fir dat Konscht mat dem Soziokulturellen an dem Intergenerationellen ze verbannen. All Dag koumen nei Iddie bäi an esou ass de Park lues a lues aus dem Dornröschenschlof erwächt an ëmmer méi faarweg ginn.


Vill verschidde Materialien ewéi Woll, Filz, Schnéier a Stoff koumen an den Asaz. Aus dëse goufe Lampionen an Dramfänkerte entworf, Beem a Pottoe faarweg agewéckelt an op der Bréck am Park ass ee wonnerschéine Reebou entstanen. Et lount sech all dës Wierker am Detail unzekucken! Et lount sech well de Projet wéist wat Flottes kann entstoen, wa Léit sech zesummendinn. An all Konschtwierk stieche vill Stonnen Aarbecht wou mat Léift zum Detail dru geschafft ginn ass.


Jiddweree kann nach matmaachen an de Projet weiderentwéckelen

Aktikulti a.s.b.l huet iwwert en Opruff jiddereen hei am Ländchen agelueden, un dem Projet deelzehuelen,Workshops sinn organiséiert gi an Wierker sinn doheem oder op der Platz erstallt gi. Op Grouss oder Kleng, jiddereen kann och lo nach weider participéieren an Brëck awéckelen.


Memberen aus der Chancëgläichheetskommissioun, der Drëttalterskommissioun an der Integratiounskommissioun grad sou wéi d’Stengeforter Spidol, d’Scouten, d’Maison Relais, d’Schoul hunn eng Hand mat ugepaakt, awer och aus aneren Gemengen hun vill Leit an Associatiounen participéiert fir esou de Stengeforter Park an d'Gemengeplaz an eng interessant Galerie/Ausstellung fir Grouss a Kleng ze verwandelen.


Bis Enn August kennen Bierger/Biergerinnen sech weider bedeelege fir esou Zesummeliewen an d’Diversitéit an der Gemeng ze symboliséieren andeem si e Wonsch op eng Fletsch schreift, déi an de « Wonschbeem » op der Gemengeplaz opgehaange ginn fir esou seng Gedanken op eng kënschtleresch Aart a Weis symbolesch festzehalen. D’Fletschen, déi vum Maeva gebitzt goufen, ginn Iech am Gemengenhaus zu de regulären Ëffnungszäiten zur Verfügung gestallt.


Wann Dir nach Wollrechter doheem huet kënnt dir mat Hëllef vun dësem

Tutorial https://drive.google.com/file/d/1D45WTgD0ESsQfI01DjEv7dLw8ze8gY5F/view?fb%20clid=IwAR2PrLcQvTCjvrzBkHiGvwbAwXp0_xagj0b4ZnfTOtzgb5qxTXjznW0dtZ8 Pomponen ufäerdegen déi un enger grousser Luucht befestegt ginn an zesumme mat villen anere Pomponen dës Luucht zum strale bréngen.


Gemeng seet Merci

Merci un all déi Leit déi mat hire flotte Iddien an hirer Kreativitéit gehollef hunn dëse Projet ëmzesetzen, ganz besonnesch un Aktikulti A.S.B.L, déi dëst Joer hiert 20 järegt Bestoe feieren an sech zur Aufgab gemaach hunn dass kreativ an sozial Konschtprojeten an der Natur entstinn.

www.aktikulti.lu