Léiwen Muffin sicht en Doheem

Moien,

Main Numm ass Muffin an ech sin en +/- 6 Joer aalen kastreierten Schäfermix.

Ech sin leif, voller Freed, verspillt an immens mënschebezunn. Ech lieben et geheemelt ze gin an dass een sech ëm mech këmmert. Ech hun immens vill Léift ze verschenken. Ech gin mat aaner Muppen eens mä sin awer och e bëssen jalous. Mat Katzen sin ech net frou.

Ech sin stubenrein, gin gudd un der Lénkt an wëll nach vill beléieren.

Wann Dir mech wëllt kennen léieren, kënnt Dir meng Pfleegefamill uruffen ënnert der Nr 661 769 709 oder eng Mail un d'Associatioun Save Snoopy schécken savesnoopyletzebuerg@gmail.com

Bis geschwënn, Aeren Muffin

Weitere Neuigkeiten von Jessy Moreau >