Show-Concert Bom Dia Lëtzebuerg vun der Klengbettener Musek

Lëtzebuerg – Portugal war den Thema vum Galakonsär vun der Klengbettener Musek. Zäitgenösseg an traditionell Musek aus dem Portugal an aus Lëtzebuerg stongen um Programm. De Publikum konnt hei Komponisten wéi de Luis Cardoso, de Carlos Marques aus dem Portugal, an op lëtzebuerger Säit vu Marco Pütz, Steve Boehm, Jean-Paul Frisch an Asca Rampini entdecken oder erëm entdecken.
De portugisesche Folklorsgrupp vu Stengefort "Grupo Danças e Cantares Aldeias de Portugal" huet mat hieren Dänz fir déi néideg Ambiance gesuergt, an de jonke lëtzebuerger Variété-Sänger Andy Züst huet eng Rei Lidder vum Putti Stein, an natierlech Thierente virgedroen. Ausgeklongen ass dësen flotten Owend mat deene wuelbekannte Lidder vun Fausti, Jang Linster, & Co..