Stengeforter Deckelsmouken iwwerreechen Scheck un Ligue HMC

D’Kanner an d’Cheffen vun de Stengeforter Deckelsmouken (FNEL Scouten a Guiden), hu sech wärend dem leschte Scoutsjoer am Kontext vum “Sensi-badge” mat der sozialer Ongläichheet an der Welt beschäftegt. Als Ofschloss gouf um Wal-Weekend vum 10. an 11. Juni eng flott Bak- a Verkafsaktioun vun hinnen organiséiert.

Vu datt sech spezifesch mam Thema “Mënsche mat enger Beanträchtegung” beschäftegt gouf, ass den Erléis vun dëser BA un d’Ligue HMC gespent ginn.

Rezent koum d’Claudine Nosbusch, d’Direktesch vun der Ligue HMC, d’Stengeforter Deckelsmouken besichen, fir ee Scheck vu 500 Euro iwwerreecht ze kréien. An deem Kader gouf dunn nach deene fläissegen Hänn d’Ligue HMC kannergerecht virgestallt an erkläert, datt d’Sue vum Don dofir geholl ginn, een Hochbeet fir d’Bewunner aus der Struktur matzefinanzéieren.

Als klenge “Merci” kruten d’Kanner an d’Cheffen nach e puer Tuten Äppelchips aus der eegener Produktioun vun der Ligue HMC geschenkt.

Weitere Neuigkeiten von Yves Rauen >