Generalversammlung vun den Steenemer Bulls

No 2 Joer Pandemie sinn d'Steenemer Bulls erëm zesummekomm, fir eng Assemblée générale am Fräihof zu Steenem ofzehalen. D'Präsidentin Mady Wohl huet an hirer Ried un eis verstuerwen Memberen geduecht an ass och op déi wéineg Aktivitéiten agaangen, déi de Club mat anhalen vun den sanitären Mesuren déi lescht 2 Joer hat. Begréissenswäert war och, dass den 3. Schäffen vun der Gemeng Rouspert/Mompech, den Joseph Schoellen an den Präsident vun der Fédération Luxembourgeoise de Boules et de Pétanques (FLBP), den Gérard Schneider un der dësjäreger Versammlung deel geholl hunn. Dëst Joer ass och ab Mee en Championnat virgesinn, wou mir eisen Championstitel vun 2019 an der 2. Divisioun verdeedegen wäerten. D'Keess ass gesond, dat huet och déi Responsabel d'Joyce Smith souwéi d'Reviseuren, den Hanspitt Weiler an d'Françoise Juda, confirméiert. Den Ofschloss vun der Assemblée ass mat engem Éierewäin, enger Agape an enger Partie Pétanque op en Enn gaangen.

Weitere Neuigkeiten von Steenemer Bulls >