Salon du vin "VinAmicale" zu Steesel

09
Mär
2018
09 Mär 10 Mär 11 Mär

De Steeseler Basket invitéiert och dest Joer erem op sain Salon du vin «VinAmicale» vum 9. bis den 11. März 2018 am Centre de Loisirs Norbert Melcher (aal Baasketshal) zu Steesel. Et ass dei 19. Editioun mat 29 Aussteller dei präsent sin. Dei meecht Wënzer kommen aus Frankreich a Lëtzebuerg, awer och Italien, Spuenien, Portugal, Eistreich an Daitschland sin vertrueden. D’Producteuren erwaarden Iech gréisstendeels selwer um Salon fir Iech hier bescht Cru’en ze schmaachen ze gin. Alles ronderem d’Olive (Ueleg, Tapenades,..) an dem ‘Canard’ (foie gras, magret de canard fumé, …) därf natierlech och nett feelen.

De Salon du vin get ergänzt duerch eng Ausstellung vum lëtzebuerger Skulpteur Marcel Wagner.

Weider Informatiounen fann der op onser Affiche, op der Facebook Sait vum ‘Salon du vin VinAmicale’ an um internet site www.amicale.lu