Eng Spillplaz matzen an der Natur

Hei ass lo no der Spillplaz vu Gaasperech déi 2. Spillplaz déi mir eis fir iech ugekuckt hunn. Zu Stesel fannt der direkt e puer Spillplaze wou d'Kanner e puer flott Stonnen verbréngen kënnen. Des Platz fannt der net wéit ewech vun der Pidal, wann der rue J-F Kennedy erof kommt geet et no der Bréck lénks op de Vëloswee, deem gitt der e bëssen no an da fannt der hannert deem neie Gemeinschaftsgaart vun der Gemeng des roueg Spillplaz. Hei fannt der Goaler, Rutschen, Schaukelen, Klotergerüster a Wippen. Elo steet engem flotte Spillnomëtteg an der Natur näischt méi am Wee. Vill Spaass