„Si hu versicht, vun hierem Glawen äis dat matzeginn, wat hinne wichteg ass!”

„Si hu versicht, vun hierem Glawen äis dat matzeginn, wat hinne wichteg ass. Dat wäerte mir net vergiessen.”. Mat dëse Wierder hunn d’Laure Carier an d‘ Manon Schroeder den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich bei der Firmung an der Walfer Kierch begréisst.

23 Jugendlech an Erwuessener, 13 aus de Paren STEESEL-WALFER, 8 aus der Par MAMERDALL an 2 aus der Par MONNERECH--SCHЁFFLENG-STEEBRECKEN, hunn de Samschdeg, den 21. Januar 2023 an der Firmungsmass d’Firmsakrament empfaangen. D’ Mass stoung ënnert dem Thema: „Eingeladen zum Fest des Glaubens“. Eng Equipe ënnert der Verantwortung vum Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke an dem Kaploun Jacques Bruns hunn déi jonk Erwuessen während annerhalleft Joer op d‘ Firmung virbereet.

Déi musikalesch Leedung luch an den Hänn vun der Madame Séverine Desorbay a vum Här Maurizio Spiridigliozzi. Musikalesch huet de Kierchechouer Ste. Cécile vu Walfer ënnert der Leedung vun der Madame Elisabeth Schmit (Dirigentin Chorale St. Cécile Walferdange) an dem Här Roger Goodwyn un der Uergel d‘Mass matgestalt. No der Mass war jiddereen op den Éierewäin, gestëft vum Walfer Schäfferot, invitéiert.


Fotoen: Nicole KNOCH, Par Mamerdall