Äiszapen

D'Fréijoer réckelt dem Wanter sou lues op de Pelz. Hei sinn Äiszapen, déi versichen, sech um Hieselterstrauch festzehalen; um Strauch sinn allerdéngs och schonn déi männlech Bléien (Kätzercher) a weiblech Bléien (rout) ze gesinn, déi op d'Fréijoer waarden.