Chantiersmix

Chantiere si jo meeschtens mat Kaméidi a Stëps verbonnen. Si kënnen awer och an enger gespaarter Strooss fir méi Rou suerge well während dem Chantier keen Duerchgangsverkéier méi ass. Oder si verleede souguer zu dekorativen Einlagen, wéi am Fall vun der roud-wäiss-bloer Ëmmantelung vun der Bartrénger Kierch während de Summerméint 2017.