Eng rar wëll Orchidee

Dëser Deeg hunn ech an enger ongedüngter a wéineg geméiter Wiss zu Stroossen eng wonnerschéi wëll Orchidee entdeckt: eng Bienen-Ragwurz (Ophrys apífera). Dës Orchidee, déi iwwer 30 cm grouss gëtt, ass ganz rar, an hiren Numm kënnt dovun datt d'Bléien u Beien erënneren. Si vermehrt sech duerch Selbstbestäubung: op verschiddene Bléie kann ee gesi wéi d'Pollenbehälter sech zur Narb zou krëmmen. D'Bléien, déi 1 bis 2 cm grouss sinn, erënneren och u kleng Männercher, an all Bléi huet hiren eegene Charme, dee mam Makroobjektiv schéin zur Geltung kënnt.