Nur die Harten kommen in de Garten (HemoNIGHT 2018)

Bei Gelegenheet vum Chreschtmaart zu Strossen hat de Stroossener MTB-Club biker.lu op hier éischt Nuetsrandonnée invitéiert.

Bei onméiglechen meterologeschen Konditiounen (et huet geschodd wéi mat Eemeren) sinn trotzdem knapp 50 Biker a Bikerinnen ugetratt an hun de Parcours vun 23 km iwwerstan, a sin herno um Stand vu biker.lu mat engem warme Glühwäin a warmem Iessen belount gin.