Zu Stroossen gouf 2024, wéi di Jore virdrun, fläisseg geschafft a gebastelt, fir dat Léit op dem traditionellen Adventsbazar vill schéi Saache konnte fannen. Dat ganzt Joer sinn eis Dammen an Hären aktiv a sou koum och um Enn vun der leschter Saison eng schéin Zomm zesummen.
Den 22. Mäerz si mir dann all fir e gemittlechen Owend mat Ham, Gromperen a Zalot zesummekomm an et konnten zwee Schecke vu jeeweils 5.000€ iwwerreecht ginn. Dëst Joer goufen d'Fondation Parkinson an d'Maison Sichem vun der Fondation de la porte ouverte vun eis ënnerstëtzt. A mir freeën eis schonn op de nächste Basar und si scho fläisseg am Gang ze schaffen.