Spillerei mam Makro

Mam Makroobjektiv kann een net nëmmen Detailler ervirhiewe, mee och mat der Schäerfendéift spillen. Mat enger grouss oppener Blenn kann een d'Schäerft op ee ganz dënne Plang leeën. Doduerch wierken, hei op der Foto, d'Stëfter vum Stecker wéi Aen déi eis stramm fixéieren.