Wanterzauber mat Seefeblosen

Deser Deeg kann ee, bei Minustemperaturen, nokucke, wéi sech wonnerschéi Kristallstrukturen op Seefeblose bilden. Nieft den déiwen Temperaturen, déi ee brauch fir datt sech Kristalle bilden, an déi virun allem bei Sonnenopgang oder Sonnenënnergang herrschen, musst et och nach zimmlech wandstëll sinn, fir des kuerzlieweg a sensibel Konschtwierker am Bild festzehalen. Kal Fangere si garantéiert, well vill Seefeblose platzen éier sech Kristalle bilden.