115.000 € fir den Télévie

Fotoen : Yannick Stirn

Eng staark Equipe mat engem staarke Resultat. Wéi d’Gemeng Tandel am Juli 2013 de Projet « Centre de Promesse Télévie 2014“ an Ugrëff geholl huet, huet mat Sécherheet de mannste sech konnte virstellen datt um Enn d‘Zomm vun 115.000 € fir den Télévie géif erauskommen.
Iwwer 6 Méint gouf geplangt a virbereet, no alle Säiten hinn fir Ënnerstëtzung gefrot an d’Leit aus der Gemeng an der Regioun iwwert d’Wichtegkeet vum Télévie informéiert.

Um 26. Abrëll war da lo de groussen Ofschloss. Vill Leit aus den Dierfer vun der Gemeng mee och vun ronderëm haten sech spontan bereet erklärt op dësem Dag eng Hand mat unzepaken. Vun IVV Wanderung, iwwer Rallyfuerer mat Liveshow, Promintefussball a –rollstullbasketball, Optrëtt vun der Danzschoul Mireille Roulling a vum Shogunclub aus Bettel, Konschtstee, Seelzéien, Kanneranimatioun a Museksgruppen déi sech de ganzen Dag iwwer praktesch ouni Paus ofléisten, konnten sech Visiteuren net iwwer Langweil bekloen. Do dernieft huet d‘Kiche vum Dag praktesch keng Wënsch opgelooss a fir de gudde Patt war och gesuergt. An och bei de Schecker fir den Télévie hunn d’Veräiner, Betriber a Privatleit sech de ganzen Dag een deem aneren d’Klensch an d’Hand ginn.

D’Resultat schwätzt fir sech an et bleift dem Organisatiounscomité just nach all de Gemengenaarbechter, Leit, Veräiner, Rallyfuerer, Danzschoul a Museksgruppen déi dësen Dag gratis mat ugepaakt an opgetruede sinn ee ganz grousse MERCI ze soen an se fir hiren Asaz ze felicitéieren.

Vill weider Fotoe vum Dag fannt dir ënner http://televie.rtl.lu/zentren/tandel/fotoen/22163/overview #p1