D’Schoulkanner vun Tandel erlafen an erbastelen een immenst Resultat fir den Télévie

Fir de Schoulsportdag vum 4. Abrëll haten d’Léierpersonal an d’Kanner aus dem Schoulcampus “Am Brill” zu Tandel entscheet sech sportlech fir den Télévie ze engagéieren. Am Virfeld gouf schons kräfteg no Giedelen a Pätteren gesicht déi bereet waren déi gelafe Ronnen mat engem Don ze sponseren. Den Dag selwer hunn dun d’Kanner, vun deene ganz Klenge vun 3 Joer aus dem Précoce bis rop bei déi vun 12 Joer aus dem Cycle 4 sech dischteg dru ginn fir sou vill Ronnen ewéi méiglech op hirem Compteur ze hunn.
Do dernieft haten sie nach eng Kuchaktioun an och eng Rei selwer gebastelt Deko-Objete déi fir de gudden Zweck verkaaft goufen. Dëser Saache stinn dann och nach eemol um Télévie Dag den 26.Abrëll zum Verkaf.

Sou kënnt et datt lo 12.187 EURO fir den Télévie op der Lee stinn. (Foto : Nico Muller)

E grousse Merci vum Centre de Promesse Tandel fir de Kanner an dem Léierpersonal hire groussen Asaz an deene ville Giedelen a Pättere fir hir generéis Donen.

De Centre de Promesse Tandel , deen säin Téléviedag de 26. Abrëll am Schoulcampus « Am Brill » organiséiert zielt och weider op är Ënnerstëtzung.
All Don ass weiderhi wëllkomm,
entweder op den CCPLLULL LU73 1111 7023 2949 0000
oder den BGLLLULL LU05 0030 8991 6004 0000 .

De Programm vum Dag fannt dir ënnert televie.tandel.lu an am Agenda vu mywort ënner http://www.mywort.lu/tandel/agenda