Galaconcert "We sing Girls" mam Sängerbond Helvetia


Galaconcert "We sing Girls" mam Sängerbond HELVETIA de 24. Mäerz an der Maison Relais zu TANDEL

Am 1. Deel vum Galaconcert interpretéiert d´Marie-Christiane Nishimwe eng Reih Stécker aus Operette, Oper a Lied:

"eng Achterbunn vun de Gefiller iwwert d'Léift a Freed, mee awer och d´ Vergänglechkeet".

Am 2. Deel beschreift de Sängerbond Helvetia ënnert dem Motto:

"Kësse kann en net eleng"

d´Verhältnisser tëschend Männer a Fraen op eng net ze vill eecht Art a Weis.

Direktioun vum Concert huet den Andy Loor.

Um Fligel gi mir begleed vum Sarah Pirrotte.

Virum Concert zervéiere mir Iech eng Assiette an ee gudde Pättchen vun 18:30 Auer un.

Mellt Iech w.e.gl un fir d´Assiette mat reservéierter Plaz oder reservéiert Äer Plaz fir de Concert um: 691 526205

Mir freeën eis op ee flotten Owend mat Iech all.

www.helvetia.lu