D'Liz ënnerstëtzt d'asbl Trauerwee

D'Liz huet viru kuerzem e Chèque vun 132 Euro un d'Associatioun Trauerwee zu Téiteng gespent. Hatt huet Bicher vun him doheem verkaf an decidéiert d'Suen déi era komm sinn u Kanner ze spenden déi eng nostoend Persoun verluer hunn. Domat wéist d'Liz wei wichteg dëst Thema him ass.

Trauerwee huet dëse Chèque mat grousser Freed an hire Raimlechkeeten zu Téiteng entgéintgeholl a seet dem Liz Villmools Merci fir dëst Engagement.