Kiischtefest zu Trënteng

Haut huet sech zu Trënteng alles em d'Kiischt gedréit, et gouf Kiischtentaacht, Kiischtendrep an nach soss allerhand guddes ze drénken an z'iessen. Mat deem gudden Wieder huet et vill Leit op Trënteng gezun. An wann se net nemmen fir d'Kiichtefest do waaren dann fir un der IVV Wanderung vun den Trëntenger Kiischtentreppler deelzehulen an vun der schéiner Natur ze profitéiren. Fir gudd Stëmmung mat agréabler Musék huet d'Trëntenger Musék gesuecht. Et gouf och nach en puer Stänn mat Bijout'en an Parfain an den Natur&Emwelt Bond huet Erklärungen em d'Bongerten an déi verschidden Kiischten Zorten gin.