Super Leeschtung vun eise Jonken aus der Grondschoul vun Trënteng!

Nom charity run vun de Schoulkanner vun Trënteng konnte mir als engagéiert Organisatiounen am Déngscht vun mannerbemëttelt Kanner am Kamerun an am Kenia déi stolz Zommen vun 2x 2.400.-€ entgéint huelen. De Frëndeskrees Kamerun an AMU soen allen Bedeelegten e grousse MERCI!