De Kleeschen huet d'Kanner besicht

Haut um Samschdeg, huet de Kleeschen Kanner vum Kannerturnen,dat vum Nordic Walking Aïschdall a.s.b.l.vun Tënten all Samsdeg ofgehale get, an der Sportshal zu Tënten besicht.

Opschons de Kleeschen e vollen Programm huet, ass hien bei Kanner komm, vir si mat engem Geschenk ze belounen, well si iwwert Joer beim Kannerturnen gutt mat gemat hunn, an och ëmmer brav woren, dofir hat hien och den Houseker am Himmel gelooss.
De Kleeschen ass mat zwee Engelen an 2 Ponyen komm. Kanner hunn mat groussen Aen de Kleeschen mam Kleeschenlid,, léiwen Kleeschen, léiwen Kleeschen............ empfaang.

Duerno ass de Kleeschen an Sportshal gaang wou hien de Kanner mat op de Wee ginn huet, ëmmer brav ze sinn an hiren Elteren ze follegen.
Dann war Ausdeelen vun de Geschenker, all Kand wat do war, krut e Geschenk vum Kleeschen , duerno krut déi nei Buergermeeschterin Mad. Christiane Eicher - Karier, e Geschenk vum Kleeschen, an krutt alles guddes gewënscht vir déi nächst Joren an hirem neien Amt.
Well de Kleeschen e vollen Programm huet, ass hien gläich erëm op den Tour gaang, vir och aner Kanner déi brav waren ze beschenken.
Mat nach enger kéier dem Kleeschenlid, dat Kanner gesongen hunn, huet hien sech mat sengen Engelen an Ponyen op Rees gemat.
Well de Kleeschen net ëmmer seng Ponyen aus dem Himmel kann mat huelen, hat hien Ponyen vum BRICHER PAERDSSTALL kritt, déi Aktivitéiten mat Kanner an de Päerd organiséieren.
An nächster Zäit, kennt dir eng Reportage iwwert den BRICHER PAERDSSTALL op mywort.lu gesinn.

www.bricherpaerdsstall.lu