Kannerturnen zu Tënten

De Verain Nordic Walking Äischdall a.s.b.l. organiséiert all Samschdeg an der Sportshal zu Tënten Kannerturnen vun 1,5-4 Joer.
Ënnert der Leedung vun Sophie Gidt, Myriam Schroeder an Pia Kockelmann kennen Kanner mat vill Freed a Spaass ob engem extra vir si opgeriichten Parcours Trampolin sprangen, iwwert Turnbänken rutschen, duerch en Tunnel krauchen an nach villes aneres maachen.
Wat natierlech net däerf feelen, dat ass Sangen mat de Kanner, an Spiller déi gemat ginn, z.b Ballspiller, Coursen mam égenen Bobbycar oder Velo.
Déi kleng, esou wee och Elteren siew dat Mamm oder Pap, hunn hiren Spaass dobäi, an et ass och eng flott Saach vir Elteren, esou hunn si Méiglechkeet emol eppes anescht zesummen mat hiren Kanner ze maachen.
Kannerturnen ass all Samschdeg vun 9.30 Auer bis 10.30 Auer am Koschteschbau zu Tënten.
Sidd dir drun interesséiert, dann rufft ënnert dëser Nummer un: 621 65 46 84.