Léini

D’Léini eng 5 Joer al kastréiert Mudder, Mix aus belschem a däitschem Schéiferhond sicht e neit Doheem.

D’Léini war als Welpen vu eis vermëttelt gi, kann awer net an der Famill bleiwe well si sech ëmmer méi iwwerfuerdert mat him fillen.

Hatt ass net deen einfachsten Hond a brauch Besëtzer di him hëllefe mat stressege Situatiounen ëmzegoen (hatt ass skeptesch bzw reaktiv frieme Leit géintiwwer an huet och leider eng Aart Zwangsverhalen entwéckelt: hatt bäisst sech a Bengelen oder Beem fest an ass dann och just mat grousse Schwieregkeeten dovun ofzebréngen). Zu aneren Hënn hat et weider kee Kontakt a wär dofir am beschten op enger Eenzelplaz.

Wien huet Loscht sech der Erausfuerderung ze stellen? Deejéinege kritt ee super intelligenten an aktive Mupp den brav am Haus ass a mat deem et Spaass mécht ze trainéieren, och u sengen Naupen ;-)
Tel: +352691571512