Wien wëll mat mir trailen?

Bis elo huet sech leider net déi passend Famill fir de Picchu fonnt, dofir probéiere mer mol en aneren Opruff:
wien hätt Loscht de Picchu 1-2 mol d'Woch op Tënten sichen ze komme fir mat him Mantrailing ze man? Trainéiert gëtt mam „Zentrum für Suchhunde Luxemburg“ Donneschdes Owes an/oder Samschdes Moies an a ronderem der Stad. Virwëssen iwwert Mantrailing brauch ee keent, d'Iris a de Jörg coachen do, et misst een allerdéngs kräfteg genuch si 40kg unzehale wann se mat aller Kraaft an Enthusiasmus der Spuer noginn, dat ass net evident. Vläicht ee flotten Hobby fir en Hondsgeck deen am Ablack selwer kee Mupp hale kann?

Tel: +352691571512

Weitere Neuigkeiten von Déieren an Nout asbl >