corona


Corona

Den Emil setzt dobaussen op der Maierchen a kuckt den Autoen no. Hie langweilt sech, hien däerf net an d’Schoul, net bei seng Frënn, hien däerf net bei d’Boma ,hie muss doheem bleiwen an sech langweilen. Et gëtt eng schlëmm Krankheet huet d’Mamma him erzielt an dofir muss jiddereen doheem bleiwen.

Op emol sëtzt een sech niewent hien op d’Maierchen a grinst den Emil un. „A wee bass Du dann?“ freet den Emil „Du gesäis awer ganz komesch aus“. Säi Noper seet kee Wuert, hie grinst einfach a rullt seng An. „Kanns Du net schwätzen?“ well den Emil wëssen.

„Dach ech kann alles, mäin Numm ass Corona an ech sinn e Virus. Ech kann alles maachen wat ech wëll awer virun allem kann ech d’Läit krank maachen, esou richteg krank“

Den Emil verschléckt sech bal: „DU, DU bass dee VIRUS firwat ech net däerf an d’Schoul, net däerf Fussball spillen mat menge Frënn an net däerf bei meng Boma goen! Da bass DU jo e ganze béisen, e richteg eekelegen, an du bretz dech nach domadder. Géi ech wëll Dech guer net méi gesinn, géi einfach an zwuer anescht hin.“

„HAHAHA, ech war scho ronderëm Welt an hunn d’Mënschen iwwerall krank gemaach, ech hunn Milliounen kleng, ganz kleng Gesëschter an déi sëtzen sech mat hire Saugknäpp un d’Läit an da ginn se krank an si maachen och hier Frënn an hier Famill krank an zeguer Leit déi se guer net kennen.

Dem Emil säi Gesicht gëtt esou deck a rout , bal esou wéi dem Corona säint. Hien ass richteg rosen, am léifsten géing hien op de blöden Virus do aschloen, mee dann dréint en sech em a leeft heem.

Owes ier hien an d’Bett geet rifft hien dem Timo un an erkläert him alles. „Timo mir mussen eppes maachen, „den eekelege Corona muss verschwannen“. Si beroden nach hin an hier mee.... leider fällt kengem eng Iddi an.

Den Dag drop, den Emil sëtzt erëm op der Maierchen a waart drop dass de Corona vläicht erëm kennt. Hie brauch net laang ze waarden a scho kennt en em den Eck, säi Mond grinst genau esou wéi den Dag virdrun. „Salut, an hues de elo Angscht virun mir?“.

„Ech Angscht? Nee DU dees mir just leed, mat Dir ass jo kee frou, jiddereen wënscht dir den Dout, keen hëlt Dech an den Arem, Nee virun esou engem hunn ech keng Angscht. Du kanns engem jo just leed dinn“. Dem Corona ass Grinsen vergaangen, hie kuckt den Emil ganz entsat un. „Ech verstinn net, wat mengs Du domadder dass kee frou mat mir ass?. Ech hunn d’Macht iwwert ganz Welt, ech kann jidderee krank maachen“. Du widderhëls Dech“ den Emil ass erëm richteg rosen. Wat hues Du dervun wann s Du d’Leit all krank gemaach hues, wéi fills Du dech dann? A wann s de iergendwann ganz eleng op der Welt bass? Du dees mir richteg leed.

Esou Gespréicher widderhuelen sech e puer Deeg hannereneen an den Emil huet d’Gefill dass de Corona vun Dag zu Dag e bëssi méi kleng gëtt.

Dunn ass den Emil och krank ginn, hien hat nëmmen e bëssi den Houscht mee säi Pappa war ganz vill krank, hien hat héich Féiwer an huet missen am Bett bleiwen, just d’Mamma war net krank. Si konnt hier Famill versuergen. Mee leider huet keen dierfen d’Haus verloossen, an och wéi si scho erëm bal gesond waren hunn si nach missten e bëssi dobanne bleiwen. Den Emil huet mam Timo telefonéiert an enges Daags sot den Timo: „Lauschter emol Emil, meng Schwëster, d’Marie, huet eppes gesot wat zwar schwéier ze verstoen ass mee hatt mengt et wier déi eenzeg Méiglechkeet dësen eekelegen Corona ze verdreiwen. Hatt seet mir mussen en einfach gär hunn, dat kennt hien net an domadder kann hien och näischt ufänken.“ 

Dëse Saz bleift an dem Emil sengem Kapp, hie huet Deeg laang doriwwer nogeduecht an drop gewaart erëm endlech däerfen aus dem Haus ze goen.

No e puer Wochen war et dunn esou wäit, den Emil souz erëm op der Maierchen an de Corona koum an huet sech bei hie gesiess. „Salut“ dës Kéier huet den Emil hien ugelaacht. „Merci Corona, Merci dass ech net vill krank war a Merci dass mäi Pappa och erëm gesond ass, Du bass awer net esou ganz eekeleg wéi ech geduecht hat“. De Corona wosst net wat hie sollt äntweren, hien heft sech op an geet fort.

Deen nächsten Dag erëm dat selwecht. „Salut Corona, so bass u eigentlech mäi Frënn elo? Mir treffen eis jo esou oft an schwätze mateneen, da kënne mir och Frënn sinn oder?“ den Emil huet versicht dem Corona ze erklären wat Frëndschaft ass an wat et heescht frou mat engem ze sinn. Mee deen decke Virun huet him net méi geäntwert, hien ass vun Dag zu Dag e bëssi méi kleng ginn esou dass hien op emol dem Emil nach just bis un d’Knéi gaangen ass. Hie konnt sich emol net méi op d’Maierchen setzen. Dunn huet den Emil hien an d’Luucht gehoff an erop agesat, ganz lues huet hien en eng Kéier gedréckt an scho war de Corona nach just esou grouss ewéi eng Orange an hien ass och verblatzt, hie war net méi esou schéin rout.

Den Emil huet iwwerluecht an dunn huet hien dem Corona e Kuss op de Back gedréckt a wupp huet deen sech a Loft opgeléist.

D’Marie hat scho wierklech Recht, mat Léift kann een d’Welt retten, zeguer virun esou engem eekelegen Coronavirus.

Et huet dunn awer nach Woche gedauert bis dass och all déi Millioune kleng Viren fort waren, mee vun do un ass et dem Emil net méi esou schwéier gefall doheem ze bleiwen, hien huet elo genau verstanen wisou dat huet misse sinn.


Renée Hutmacher-Reding