Erléis vun 800 Euro vum Kannerfuesbal un d'Wonschkutsch

Ob verkleed als Prinzessin, Pirat, Cowboy oder anerer Kostümer, war fir d'Fuesend vum Turn-an Indiacaveräin "Les Clervalloises" e flotte Kannerfuesbal mat vill Animatioun a gudder Fuesstëmmung an der Hal Ployvalent zu Clierf organiséiert ginn.

Fir de klengen Honger, war dobäi mat enger grousser Kaffisstuff bestens gesuergt. Donieft war eng schéin Tombola fir grouss a kleng.

Viru kuerzem konnt een Deel vum Erléis vun 800 Euro, a Form vun engem Scheck un d'Wonschkutsch asbl, un d' Vertriederin Patrice Rickal iwwerreecht ginn.

D'Wonschkutsch asbl. ass eng Equipe vu Fräiwellegen, déi onentgeltlech an éierenamtlech de leschte Wonsch vu Mënsche vun all Alter erfëllt, déi un enger onheelbarer Erkrankung leiden, oder an enger palliativer Situation sech befannen.