Concert Swingin' Castle 05.11.2022 vun The Northern Big Band

E Samschdeg, de 5. November war de Centre Culturel zu Useldéng bis op déi lescht Plaz gefëllt, wéi "The Northern Big Band" ¨ënnert der Direktioun vum Théo Pessers erem hire Concert "Swingin' Castle" gespillt huet. Als Gaaschtsänger wousst de Randy Melton d'Publikum ze iwwerzeegen a matt Extraiten aus séngem Solo-Projet "One Soul Journey", begleet um Piano vum Bojan Perko, koum séng sonor Stëmm esou richteg zur Geltung. Mee kee Concert vun der Northern Big Band ouni déi talentéiert Sängerin Christine Heitz, wat vu Kéier zu Kéier iwwert sech eraus wiist a säi Publikum begeeschtert. D'Big Band selwer hat en usprochsvollen an och gefällege Programm, deen souverän gemeeschtert gouf an deen mat zwou Zugaben honoréiert gouf.

Als Héichpunkt vum Concert waren et natierlech d'Duetter vum Christine a Randy, déi deen Owend musikalesch ofgeronnt hunn. E gudde Maufel an eppes ze drénken, zerwéiert vum Club des Jeunes vun Useldéng, däerf bei esou engem Owend natierlech net fehlen an esou hat "The Northern Big Band" och dëst Joer erem e gelongenen Concert-Owend organiséiert. Déi nàchst Editioun ass viiraussiichtlech de 4. November 2023.