Useldeng: Di alljährlich Sportleréierung am Useldinger Sportszentrum huet op en nees bewiessen, wat fir e Stellewert di verschidden Sportarten an der Gemeng bedeiten. Diplomiwerreechung mat dem als Ermutigung bäigefügtem Kado an di erfollegräich Sportler sin am Kader vun „ Benevol am Sport“- Useldeng bougéiert“och dest Joer vun der Sportkommissioun weidergefouert gin. Agaangs vun deser klenger Feier huet den President Hugo Correia Isidoro all Sportler zu hirer besonnescher Leeschtung a speziellem Asaatz félicitéiert a jidderengem eenzelenen, wéi och all Memberen, Kommiteesleit an der Gemeng fir hir Ënnerstëtzung och villmols Merci gesoot. Och de Buergermeeschter Pollo Bodem huet di nei Sportskommissioun félicitéiert an och an der och eng gut Arbecht geleescht huet. Och alle Laureaten huet de Buergermeeschter fir hir gut Resultater erviergehuewen, déi d’Gemeng Useldeng och no baussen gut vertrieden. Duefir ass d’Gemeng och houffrig eng gut Partie vun Sportler ze hun an ass och an Zukunft bereet, de Sport weiderhin ze ënnerstëtzen. Folgend Sportler koumen dann zu Éieren: Bowling- Roude Léiw: Lippert Mariette, Nelissen Carole an Reding Jeff. Cyclisme- CT Atertdaul: Bosco- Fellens Matteo. Football- FC Jeunesse Useldeng: Alves Coelho Rafael, Boudler Ben, Boudler Pit, Brück Lutz Noah, Colamonaco Oscar, DA Silva Fernandes Ruben, De Lima Thoma Noah, Degraux Ben, Conçalves Joël, Hoffmann Mathis, Huchard Marc Yvan, Joseph Ben, Kirsch Louis, Mutambay Eben Ezer, Pletschette Lou, Pradier Klees Fyn, Ramon Conzalez Jaime, Schotter Mathis, Steichen Tim, Thill Félix, Van de Woerd Noah an Van Der Walle Félix. Gymnastique- Nordstad Turnveräin: Gengler Leni. Indiaca-Nethoppers Useldange: Alberty Pit, D’Exelle Kris, Dusemang Stéphane, Feltes Pascal, Filbig Michèle, Fisch Jessie, Hargiano Stefka, Kohl Alain, Krumlovski Ben, Lafontaine Laurent, Maus Eric, Schoumacher Diane, Steffen Candy, Stranen Jeff, Theis Jules, Theis- Hubert Tania an Thiry Mara. Treppenlauf- Pompjeesfrënn Gemeng Useldeng: Harpes Remy, Hoffmann Christophe, Kaufmann Claude, Kleer Nico an Loos Martin. (CR) (Foto: Charles Reiser)