Verdruddelt an zerknujelt Geschichten. Verwurelt Erzielunge fir Erwuessener.

Verdruddelt an zerknujelt Geschichten. Verwurelt Erzielunge fir Erwuessener.

Genéisst ee flotten Owend mat originellen Texter op Lëtzebuergesch an der ManuKultura zu Useldeng!

Heibäi geet et ëm Texter, vun deenen een d’Original eigentlech kennt, mä déi hei esou verschafft, verdréint, verdruddelt an zerknujelt goufen, datt se en ongewinnte Schluss hunn, Personnagen opdauchen, déi eigentlech näischt an der Geschicht verluer hunn oder awer Figure mol d’Wuert kréien, déi een normalerweis net héiert.


Dat alles op Lëtzebuergesch, a Versform a mat enger gesonder Portioun Humor a Wuertwitz, woubäi eng Rëscht vläicht an de Vergiess geroden Ausdréck aus eiser Sprooch an den Asaz kommen.


19h-20h an der ManuKultura zu Useldeng

10€ pro Persoun


Umeldung & Info:
manukultura@useldeng.lu

23 63 00 51 29