3 staark Fraen an der Veiner Konstgalerie
um weitere Bilder zu sehen.
Veianen Vum 22. Juni bis 13. Juli 2025 hunn d'Berthe Lutgen, d'Mady Gorges an d'Marie-Josée Kerschen an der Veiner Konstgalerie ausgestallt.
D'Berthe Lutgen, déi eelst vun deenen dräi Kënschtlerinnen, huet un der "Ecole Nationale Supérieure des Beaux-Arts" zu Paräis, der "Kunstakademie München", der "Staatliche Kunstakademie" zu Düsseldorf an un der "Rheinische Friedrich-Wilhelms-Universität" zu Bonn studéiert. Vun 1979 bis 1996 war si Konschtproff am Lycée Nic-Biever zu Diddeleng an am Athenée an der Stad. D'Duerstellung vun der Fra aus soziologescher Siicht ass säit de 1960er Joren den Haaptsujet vun hiren Aarbechten. De Klimawandel an d'Katastrophe vum Krich gehéiere säit ongeféier 10 Joer zu hiren Themen.
D'Marie-Josée Kerschen wunnt a schafft säit 1982 zu Veianen. Si ass zu Esch/Uelzecht op d'Welt komm an huet och hier ganz Kandheet do verbruecht. Studéiert huet si un der "Akademie der Bildenden Künste" zu Karlsruhe an un der "Accademia di Belle Arti di Carrara " an Italien, ausserdeem nach un der "Cité Internationale des Arts" zu Paräis an der "Internationalen Sommerakademie" zu Salzburg an Éisträich. D'Marie-Josée Kerschen, "Chevalier de l’ordre du mérite dans le domaine de la culture", gehéiert zu de beschte Sculpteuren zu Lëtzebuerg, hier Wierker sinn an ëffentleche Sammlunge vu Ministèren, Muséeën, Gemengen, Banken a Schoulen ze fannen.
D'Mady Gorges, 1962 zu Lëtzebuerg gebuer, ass Molerin a Grafikerin. Si huet Kommunikatiounsdesign studéiert an, niewent hirer Molerei, Konscht an der Grondschoul zu Dikrech ënnerriicht. Säit 2009 beschäftegt si sech mat der Neiinterpretatioun vun aale schwaarz-wäiss Fotoen, déi si a grouss Acrylbiller iwwersetzt. Esou schaaft si eng Bréck tëscht der Vergaangenheet an der Géigewaart. Hier Wierker, déi sech mat Themen ewéi Gesellegkeet, Mutt, Frëndschaft a Léift auseranersetzen, wierke vu wäit ewéi grouss Fotoen, vu Noem kommen awer abstrakt Detailer zum Virschäin. Froe wéi "Wou kommen ech hier?", "Wie sinn ech", "Wou wëll ech hin?" si Froen, mat deenen d'Mady Gorges sech an hirer Konscht beschäftegt.
Wéiderféierend Links:
Fotoen: Gutz, ViArt asbl