ACFL YOLANDE VEINEN spent fir humanitär Hëllef am Jemen

ACFL YOLANDE VEINEN spent fir humanitär Hëllef am Jemen


Di bekannteste Geschicht ous dem Chrëstentum ass d’Gléichnis vum Baarmhäerzige Samariter:

Déi Nächsten ass all Mënsch, deems de begeens an deen an äner Nuttsituatiunn ass”


Dës, mi wi 2000 Joer al Geschicht, ass d’Basis vum deeglichen Zesomeliäwen.

Et ass net iwerdriwen fir ze behaapten, datt d’Fraen a Mammen, mat hire sëllichen Aktivitéiten déi Mënschen an Nuttsituatiunnen zugout kommen, dës Grondlag mi wi soss e lokale Veréin behäerzigen.

Nodeems bekannt guf, datt 63 ukrainisch Familljen, haaptsächlich Fraen, Kanner a Jugendlicher an der Veiner Jugendherberg logiert wieren, ass net laang gezéckt ginn fir hinnen, net nëmme mat Kleeder, Kannersaachen, Spillsaachen an hygienischen Artikelen ënner d’Äerm ze gréifen, mä si och an dat geseelschaftlich a soziaalt Liäwen vu Veinen ze integrieren.


D’Schicksal vun den ukrainische Leit mobilisieren zënter dem Ufank vum Kréich en ganz Rëtsch vun Hëllefsorganisatiunnen a fréiwëllig Hëllefer. Mee leider gëtt et zënter Joeren, och op villen anere Plazen an der Wëlt, gewaltsam Konflikter an Oormout, déi riskiere vergees ze ginn.


Am Jemen herrscht zënter Joeren än vun de schlëmmsten humanitäre Katastrofe vun der Wëlt. Leider fënt de Jemenkréich kaum Notiz an der westlicher Ëffentlichkeet.


Dofir war déi traditionell Scheckiwerrächung, während der Generalversammlung 2022 vun de Veiner Fraen a Mammen, bestëmmt fir humanitär Hëllef am Jemen.

Net manner wi 4000 Euros, Recette vum Adventsmoort, gufen u Médecins sans Frontières gespent.


Gaby Heger