Geent d'Vergässen

VEINEN – Geent t'Vergässen


Zënter Joorzéinte wierdigt d’Stad Veinen mat äner Gedinkfeier béim Belvédère Monument a mat äner Stëftungsmass an der Trinitarierkierch d’Befreiug vuan der Uewerstad, den 12. Februar 1945.


Ware Veteranen an hir Famill ous der 1255. Engineer Combat Battalion noochfir d’Gedinkfeieren vuan 1995, 2000 an 2005 an éiser Stad, wu se am Februar 1945 fir d’ischt hir junk Féiss gesat honn, su sollen an duerfen si och an Zukunft net vergäss gän.


“The one who forgets about history is doomed to relive it”


Leider gëtt et 78 Joer nom Een vuam 2. Wëltkréich nooch ëmmer Kréich an Europa. De Misär kënnt net nëmmen durch d’Noriichten an éis Wuanungen geschwappt. Unzählig Leit sënn op e neits op der Flucht virua Bommen a Gewalt. Am Eecht: Geséie mer mam Kréich an der Ukrain net en historisch Analogie? De Bléck an d’Vergaangenhät kann net alles erklären, awer hëllefe fir besser op d’Géigewaart ze reagieren.


E Sonndig, den 12. Februar 2023 fënnt om 10 Auer béim Belvédère Monument en kuerz Zeremonie statt fir dänen 11 amerikanischen Zaldoten ze gedinken, déi béi der Liberatiunn vua Veinen hiert junkt Liäwen ho misse lossen. Nom Néierleeë vuan de Bloumen ass om 10h30 en Stëftungsmass an der Trinitarierkierch.


Gaby