Konveniat vun der Promotioun 1968-1969 vum Dikrecher Kolléisch.

Den 23. September hunn d’Première Latine an d’Première Moderne (Promotioun 1968-1969) vum Dikrecher Kolléisch sech rëm fir hiren traditionnelle Konveniat getraff. Dëst war deen éischte Konveniat no der Covid-Pandemie, an et huet gutt gedon fir sech no laanger Zäit erëm ze gesinn. Ugefaang huet de Konveniat mat enger léierräicher a perfekt geféierter Visitt vun der Kofferminn vu Stolzebuerg. Duerno goung et fir d’Iessen an de Restaurant Victor Hugo op Veianen, wou vill flott Erënnerungen opgefrëscht gi sinn, a wou geplangt ginn ass, sech an zwee Joer bei enger kultureller Visitt an engem gudde Maufel erëm ze gesinn.