ROUKIDAG 2023

ROUKIDAG 2023


D’Geschicht weist is, datt ganz dacks a Krisenzéiten, Wallfaarten entstane sënn. D’Leit honn no Hoffnung an Trust gesoucht.

Su sënn och d’Prëssessiunne béi d’Muttergottes vuam Bildchen an de schlëmme Pestjoeren vuam 17. Joorhonnert agefouert gän.


Eis heitig Zéit ass alles anischt wi sécher. Mir ho rëm Kréich an Europa, en Klimakatastrof, gruss sozial Unsécherhät an än Flüchtlingswell no där anerer.


A Verbonnenhät an am Gebät fir Land a Leit war, no der Bildchensoktav op Roukisonndig, di traditionell Prëssessiunn béi d’Bildchenskapeel. Uagefouert vuan der Veiner Musik, der Chorale Trinitaire, mam Hl Rochus a mam Gnodenbild hott d’Prëssessiunn wi e Pilgerwee duerch d’Liäwen gefouert, duerch den historische Veiner Kär laanst, mat vill Léift dekoriert, Muttergottesaltärercher.


Zréck an der Trinitarierkierch hott de Generalvikar Patrick Müller, dän och moies der Mass virgestanen hott, de Schlussseegen gespent.


Gaby