Veinen – si senn nët vergäss

Den 12. Februar 1945 guf Veinen als léetzt Uertschaft vuam Land befreit.


Zënter 1995 gët all Jor an äner Gedinkfeier uan déijinig US-Zaldoten vuam „12 55 th. Engineer Combat Batallion“ erënnert, dei den 12. Februar 1945, also zwi Mint nom Uafank vuan der Rundstedtoffensiv den 16. Dezember 1944, d’Uewerstad vua Veinen befreit hoon. Et sollt du nooch zéin Deeg daueren, ier die deitsch Zaldoten och ous der Ënnerstad verdriiwe konnte gän.


Su och dëse Sonndig 12.Februar, dat häscht op den Dag 78 Jor dorno, wu a Präsenz vuam amerikanischen Ambassadeur Thomas Barrett an äner Zeremonie beim Monument om Belvedère hiich iwer Veinen dänen 11 US-Zaldoten gedoocht guf, die bei der Befreiung vua Veinen hiert junkt Liäwen ho missen lossen. 50 vuan hieren Kommeroden gufen zum Däl schwier verwonnt.


No den Uasproochen suwual vuam Veiner Buergermäster Claude Tonino wie och vum amerikanischen Ambassadeur Tom Barrett gufen Bloumen viruam Monument fir déi „6th Cavalry Group“ an dat „12 55th Engineer Combat Batallion“ neiergeloocht.


Uaschléissend war en Stëftungsmass an der Veiner Trinitarierkirich.