‘Welcome aboard’! Fraen a Mammen Yolande, Veinen op der Marie-Astrid

“Wenn du denkst es geht nicht mehr, pack deine Sachen und fahr ans Meer’!


Su ähnlich wäerd de Comité vuan de Veiner Fraen a Mammen gedoocht honn, wi e sein Memberen zwar net uan d'Mier mä op d’Marie-Astrid ageluaden hott.

Datt et en gout Iddi war, beweist d’Partizipatiunn vuan 21 Dammen am Alter vua 50 bis 90 Jor.

D’Mini Panorama-Croisière gung vua Gréivemaacher op Schengen an zréck. Nom Mëttigässen an e Por Drëppse Reen, konnten d’Dammen om Deck di herrlich Landschaft laanst d’Musel genéissen: Wéibiärger, typische Dierfer, gréin Bëscher suwéit ä kucke konnt..

Opgrond vuan em Zwëschefall viruan der Schleis zu Stadbredimus, hott den Tour sugor en Stonn mi laang gedauert wi geplangt. D’Geleenhät guf genotzt fir sech entweder en weider Fläsch Muselwéin udder e Béierchen ze genehmigen. Béi äner liichter kulinarischer Stäerkung zu Veinen, war jidderän der Mänung, su en Dagesousfluch misst béibehale gän.


Gaby Heger