Journée de l'Histoire Locale à Vichten - 1 mars 2026

01
Mär
01 Mär

« Lokale Geschichtsdag zu Viichten »

Sonndes den 1. Mäerz 2026 zu Viichten (vun 10h00-18h00) an der Sportshal

Organisatioun : “Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn” a “Prioratsfrënn vun Uselding”

Wärend honnerte vu Joren hunn d’Viichter Leit esou zimmlech dat selwecht Schicksal wéi déi vum Nopeschduerf Uselding gedeelt. D’Viichter Awunner goufen d’éischt vun den Useldinger Hären, duerno vun de Markgrafe vu Baden, an nach méi spéit vun den Everlinger an Ansembuerger Herrschaften ausgepresst. Dat Wéinegt, wat dunn nach fir ze liewen iwwreg bliwwen ass, gouf hinnen du och nach vun de geeschtleche Patrone vum Useldinger Priorat ofgeknäppt.

Mä, wie Viichten seet, denkt awer mol fir d’éischt un déi grouss réimesch Vergaangenheet vun dëser Géigend. Vill archeologesch Zeien, wéi de berüümte Viichter Mosaik an den impressionante Kierchtuerm mat senge réimesche Käpp a Steng hunn dëst klengt lëtzebuerger Duerf wäit iwwert eis Grenzen eraus bekannt gemaach.

Um Plateau zwësche Viichten, Schandel an Uselding stousse mir op Akscht, d’Kräizmier an den ominéise Scheierbësch, do wou ee mëttelgrousse Vicus stoung. Dosende Griewer, Statuen, Monumenter a Fundamenter vu Villaen, deemno eng richteg archeologesch Fondgrouf, sinn hei zanter méi wéi honnert Joer ëmmer erëm entdeckt ginn. Dëse Site steet och haut erëm am Mëttelpunkt vum nationalen Interessi a wäert eis an noer Zukunft mat villen neien Erkenntnisser iwwerraschen.

Awer och Uselding ass bekannt fir säin exemplareschen Denkmalschutz a seng gelongen Duerferneierung an den achtzeger Joren. Punkte kann dëst Dierfchen nach ëmmer mat senger pittoresker Buerg an dem Projet Pilote vun der UNESCO, deen eise blanne Matbierger oder Behënnerte vun der Vue zeguttkënnt. Awer och dat aalt Useldinger Benediktiner Priorat, dat am Joer 1102 gegrënnt gouf, an eent vun eisen eelste reliéise Monumenter am Land duerstellt, soll net vergiess ginn. D’Prioratsfrënn setzen sech jo fir den Erhalt vu senge Fundamenter an d’Erfuerschung vu senger interessanter Geschicht an.

An esou wéi et ënnen um Fluchblat geschriwwe steet, hu sech déi Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn mat hiren Useldinger Frënn zesummegesat, fir eng 11. Editioun vun der Journée de l’histoire locale op d’Been ze setzen. De Sënn vun esou enger Initiativ soll primär natierlech den Austausch zwëschen de lokale Geschichtsinteresséierten sinn.

Verschidde Muséeën, Auteuren, Genealogen a Vertrieder vu lokale Geschichtsveräiner wäerten hir Dëscher opriichten an dem Publikum Ried an Äntwert stoen.

Dräi Conferenciere gi sech zu Viichten Rendez-vous. De Jean KRIER wäert dem Publikum een interessanten Abléck iwwert dat réimescht Stroossenetz ginn (“Op de Stroosse vun de Réimer”). Den André BAULER stellt sengem Papp Pierre säi Buch “Beschwerliche Zeiten - Erinnerungen an meine Kindheit im 2. Weltkrieg” vir, a last but not least den Erny KOHN vun de Mierscher Geschichtsfrënn weist a kommentéiert de Film “Lager 103 – de Feind am Duerf” iwwert d’Famill Arendt vu Recken am 2. Weltkrich.

Awer och fir eis Sammler vu rarer Luxemburgensia, ale Postkaarten a Vuë vun eisen Uertschaften ass den Dësch räichhalteg gedeckt. Den Entrée ass fräi, a fir Gedrénks an eng waarm Moolzecht ass beschtens gesuergt.

Georges Majerus, Uselding

Fir d’Viichter a Mäertzeger Geschichtsfrënn an d’Useldinger Prioratsfrënn.