Schulkinder aus Vichten spenden 3500 € für Hilfe im Ruanda

Wéi all Joer hu sech d'Kanner, d'Léierpersonal, d'Maison Relais an d'Gemëng am Kader vun hirer Chrëschtfeier engagéiert, Sue fir de gudden Zweck ze sammelen. Duerch de Verkaf vu selwergemaachte Chrëschtartikelen, dem Glühwäin an ville Leckereien an enger gemittlécher Athmosphär sinn esou 3500 Euro gesammelt ginn. D'Gemëng huet, wéi bis elo all Joër, d'Onkäschte gedroen, esou dass si wesentléch un dësem décke Bäitrag mat bedeelegt war. Och wa Chrëschtdag ewell eng Zäitchen hir ass, hu mir de richtege Moment ofgewart, fir dëss Suen kennen an enger klénger Feier un d' Associatioun Soroptimist ze iwerréchen. Dëss Sue si fir hire Projet am Ruanda ze ënnerstëtzen. Merci un all Viichter Kanner an Elteren, déi gehollef hunn, dëse stolze Montant ze sammelen.