Den Tony Coremans hot säin 90. Geburtsdaag gefeiert

Virun kuerzem huet den Tony Coremans vu Wuelëssen säi 90. Gebuertsdag gefeiert. Hie gouf den 05. Februar 1932 als zweet vun dräi Kanner zu Beigem an der Belsch gebuer.

1964 koum den Tony zesumme mat engem Kolleeg op Veianen an d’Vakanz, woubäi hien d’Catherine Nosbusch vu Wuelëssen kennegeléiert huet. Et war Léift op den éischte Bléck. Den Tony huet dem Ketty schonn den éischten Owend versprach, dat hien dat Joer drop zeréck wéilt komme fir hatt ze bestueden. "Mäi Papp sot, Du bass jo grouss an al genuch fir ze wësse wat's de mechs, mee komm net rëm heem schellen’”, laacht den Tony Coremans, dee sech säi jugendlechen Humor och mat 90 Joer erhalen huet.

Den 22. Mee 1965 goufen den Tony an d’Ketty an der Kierch zu Wuelëssen bestued. Bis haut wunnen si nach an Akescht. Zesummen hu sie dräi Kanner groussgezunn, d'Ginette, de Jos an d'Viviane. Si sinn och houfreg Grouss- an Urgrousseltere vun dräi Enkel- an dräi Urenkelkanner.


Wor den Tony Coremans fir d’éischt bei der Willerby Caravan Company zu Housen beschäftegt, sou huet hien duerno bäi der Electrolux zu Veianen geschafft.


Zënter bal 30 Joer genéisst den Tony seng wuelverdingte Pensioun. Hien freet sech virun allem driwwer, dass hien mat senger Fra ëmmer nach zesummen doheem zu Wuelëssen ka wunnen, net all ze wäit ewech vu senge Kanner.


Gefreet huet sech de Jubilar awer och iwwer déi flott Corbeille, déi de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Parc Housen him fir säi 90. Gebuertsdag, verbonne mat de beschte Gléckwënsch, zoukomme gelooss huet.