Gedenken un déi 418 Lëtzebuerger am KZ Natzweiler.Struthof

26
Sep
26 Sep

Vum 12. bis den 13. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof vu Lëtzebuerg hir traditionell Gedenkrees an dat fréiert Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof an d’Vogese gemaach. Natzweiler-Struthof war dat eenzegt nationalsozialistescht Konzentratiounslager um franséische Festland. Haut gëtt dëst KZ all Joer vun Dausende vu Leit besicht.

Wéi all Joer gouf d’Amicale och dës Kéier vu Vertrieder vun der Lëtzebuerger Patriote-Liga (LPL), der Ligue des Prisonniers et Déportés Politiques (LPPD) an der Amicale Luxembourgeoise des Mutilés de Guerre et Invalides (ALMGI) begleet. Déi verschidden Organisatioune waren dobäi mat hire Fändele vertrueden. Och d’Directrice vum ONaCVG (Office national des combattants et des victimes de guerre) vu Paräis an den Direkter vum CERD (Centre Européen du Résistant Déporté) hunn un de Gedenkfeieren deelgeholl.

No der Begréissung an den historeschen Explikatioune vum President vun der Amicale goufe vun de Vertrieder vun den Organisatioune Blummen néiergeluecht. Déi éischt Zeremonie huet uewen um Lager, an der Kiselkaul, stattfonnt. Do goufen den 19. Mee 1944 siwe Lëtzebuerger Jongen erschoss.

Och an der Äschekaul, ënnen am Lager, gouf deene Lëtzebuerger an all deenen anere Mënschen, déi hei gelidden hunn an ëm d’Liewe komm si geduecht. Nom Ofspille vun der „Sonnerie aux Morts“ an der "Heemecht" duerch zwee Membere vun der Militärmusek war den offiziellen Deel vun der letzebuerger Zeremonie ofgeschloss.

Owes stoung eng „Veillée aux flambeaux“ um Programm. Déi feierlech a beweegend Gedenkzeremonie bei Fakellliicht huet de Participanten nach eng Kéier d’Geleeënheet ginn, deenen Affer ze gedenken an d’Erënnerung un hir Schicksaler lieweg ze halen.

Sonndes huet dunn déi international Gedenkfeier op der selwechter Plaz stattfonnt. Och den Ambassadeur vu Lëtzebuerg beim Conseil de l’Europe zu Stroossbuerg war bei der lëtzebuergescher Delegatioun dobäi.

E besonnesche Moment vun der Feier war d’Interpretatioun vun engem lëtzebuergesche Lidd, dat 1944 vum Lëtzebuerger Häftling Ed. Barbel am KZ Natzweiler-Struthof geschriwwe gouf. E franséische Chouer huet dëst Lidd virgedroen an domat op eng besonnesch beweegend Aart a Weis eng Verbindung tëscht der Vergaangenheet an der haiteger Gedenkkultur geschaf.

D’Amicale Natzweiler-Struthof organiséiert all Joer dës Gedenkrees, fir un d’Leed an d’Schicksal vun de Lëtzebuerger Deportéierten ze erënneren. Insgesamt ware 418 Lëtzebuerger am KZ Natzweiler-Struthof agespaart. 88 vun hinnen hunn d’Konzentratiounslager net iwwerlieft a sinn ni méi heem komm.

D’Gedenkrees ass domat net nëmmen en Hommage un d’Affer, mee och en Appell, d’Erënnerung un déi schrecklech Verbrieche vun der Nazi-Diktatur weiderzeginn. Besonnesch an enger Zäit, an där ëmmer manner Zäitzeie vun deemools nach liewen, bleift et eng wichteg Aufgab, d’Geschichte vun de Lëtzebuerger Deportéierten un déi nächst Generatiounen ze vermëttelen.

Erënneren heescht Verantwortung iwwerhuelen – an dofir bleift d’Gedenken zu Natzweiler-Struthof eng wichteg Aufgab fir eis alleguer.