Generalversammlung vun der Amicale L.P.L.(Widderstandsbeweegung 2. Weltkrich)

Generalversammlung vun der Amicale L.P.L.

De 16. Mäerz haten sech d'Mëmbere vun der Amicale L.P.L. (Lëtzebuerger Patriote Liga asbl), zu Munzen fir hier Generalversammlung getraff.

Bäim Gedenksteen fir de Grënner vun der L.P.L..Cliärref, dem Alphonse Rodesch, goufe Blummen néiergeluecht, encadréiert vum Clairon Edmond Faber.

Uschléissend war d'Mettegiessen an der Robbesscheier. De President, Marc Fischbach, konnt 22 Mëmbere begréissen. Hien huet senge Kommiteesleit Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an erënnert un de 26. Mee, wou zu Ueschdref déi grouss Feier fir den Dechen Theodor Lesch stattfënnt. Den Här Lesch war am Krich Paschtouer zu Wäicherdang a Matbegrënner vun der L.P.L.Cliärref. E spezielle Merci geet un den Nico Hamen, Koordinator vun dëser Feier.

De Sekretär, Nico Thill, huet op dat vergaangent Joer zréckgekuckt, wou d'L.P.L.bäi allen Gedenkfeierlechkeeten och mam Fändel vertruede war.

Op Virschlag vum Keesserevisor Françis Theis huet d'Versammlung de Keessier, Pit Huss, entlaascht. Hien konnt eng gesond Kees virweisen.

Dorops huet de President d'Versammlung opgehuewen.