Jonk an Al Gemeng Waldbëlleg on Tour op Bonn a Linz.

Jonk an Al vun der Gemeng Waldbëlleg hun hiren alljährlechen Dagesausfluch genotzt fir déi ehemoleg Däitsch Haaptstad Bonn ze besichtegen. Mat enger Stadtrundfahrt duerch dat aalt Regierungsviertel a laanscht deenen alen stengenen Zäitzeien aus enger 2000 jähriger Geschicht ass hinnen Bonn méi no bruecht ginn. Uschléissend ass op dem Schëff „Rhein-Fantasie“ eng gemittlech Fahrt op dem Rhein von Bonn bis no Linz gemaach ginn, wou op dem Schëff Mëttegiessen um Programm stung. Zu Linz ukomm ass vun der Gelegenheet profitéiert ginn fir eng Shopping-Tour duerch déi schéin Alstad ze maachen. Um 16:00 Auer ass nees d‘ Heemrees ugetruede ginn, iwwer Koblenz an Tréier fir dann zu Dickweiler dësen Ausfluch mat Ham-Fritten-Zalot an e Stéck Taart auskléngen ze losen.