Grouss Botz 2021 an der Gemeng Waldbredimus

D'Ëmwelt-an Energiekommissioun vun der Gemeng Waldbredimus huet de Weekend vum 20ten an 21ten März en Opruff un d'Bierger gemaach fir bei der Grousser Botz matzemaachen, dëst op eege Fauscht an enger individueller Ronn nom Motto "Notzt ären Trëppeltour fir d'Gemeng méi propper ze maachen". Dëst war dann och en groussen Erfolleg. E ganz grousse Merci un all déi zuelräich Fräiwëlleg déi gehollef hunn. Op kleng oder grouss, vill sinn dem Opruff nokomm. Och e grousse Merci de Veräiner wéi den Dëschtennis, de Frëndeskrees oder de Pompjeeën mee och der Maison Relais. Natierlech och de gréisste Merci enger super motivéierter Ëmweltkommissioun déi dat Ganzt organiséiert huet an och herno recycléiert huet!

Weitere Neuigkeiten von Marc Molling >